De 25. Mee ass d'Reprise vun de Coursen am Fondamentale. Villes ass anescht ewéi virdrun. Am Anhang fannt Dir puer wichteg Infoen dozou. Mir wënschen jidderengem eng erfollegräich Rentrée! :)
Ee GANZ GROUSSE MERCI un eis Gemeng, fir déi super-flott Theaterbühn a Sëtzgeleeënheeten déi elo net nëmmen d'Entrée vun eiser Schoul verschéineren, mee och an Zukunft vill vun de Kanner genotzt wäerte ginn.
D'Kanner an d'Léierpersonal soen der Gemeng VILLMOOLS MERCI fir déi flott Sandkëscht an déi schéin Nestschaukel, déi si kritt hunn. Des weidere freeën d'Kanner aus dem Cycle 1 an 2 sech iwwert d'Hochbeeter, déi si finanzéiert kruten.