Home
Aktuell News | All News uweisen
Sundrive
Landart am Bësch
02/07/2018De Cycle 1 huet am Cader vum Thema "Beien" eng grouss Bei mat Naturmaterialien am Bësch geluegt.
Liesung Hermann Mensing
24/06/2018Den däitschen Auteur Hermann Mensing huet dënsdes, de 19.Juni a mëttwochs den 20.Juni 2018 bei eis an der Schoul gelies.
Dobäi huet hien de Kanner aus de Cyclen 2, 3 a 4 op eng flott Art a Weis Geschichten aus sénge Bicher virgelies, awer och flott a witzeg Lidder gesongen an op sénger Ukulele begleet.
Natierlech haten d'Kanner och eng Hellewull Froen un den Här Mensing.
Mir soen dem Här Mensing ee grousse
MERCI.
http://www.hermann-mensing.de/
D'Kënschtlerin NADIA SCHREINER mécht ee Projet mam Cycle 1
17/05/2018Dëse Méindeg koum déi lëtzebuerger Kënschtlerin Nadia Schreiner an den C1 fir mat de Kanner ee Konschtwierk ze maaachen. Voller Freed hunn d'Kanner Stären a Blummen op d'Leinwand gedréckt an dobäi ass ee flott Gemeinschaftsbild enstanen.
Nomëttes goufen d'Klassen am Schlass emfaangen, wou d'Kënschtlerin hier Biller ausgestallt hat an de Kanner erklärt huet, wéi si schafft.

Sponsoren Liesnuecht
26/01/2018Mir soen all eise Sponsoren
ee ganz grousse
MERCI
