Home
Aktuell News | All News uweisen
MUSEKSDAG 2022
13/10/2022Donneschdes, den 20. Oktober fënnt eise Museksdag an der Schoul statt. Wärend deem ganze Moie ginn an alle Klasse gesong, gedanzt, gerappt, mat Instrumenter gespillt oder Bodypercussion gemaach.
Dat Ganzt fënnt ënnert der Leedung vun der MUSEP statt.
Liichtmëssdag 2021
06/02/2021Duerch déi aktuell Ëmstänn ass Liichtmëssdag dëst Joer leider anescht wéi déi lescht Joeren, wat awer op kee Fall soll bedeiten datt mir eis flott Traditioun komplett ewechloossen. D'Kanner aus dem Ierpeldenger Schoulzentrum hu wéi gewinnt e Liichtebengelche gebastelt mee well et kaum méiglech ass vun Dier zu Dier sangen ze ginn huet d'Gemeng dëst Joer, an Zesummenaarbecht mam Fairtrade Grupp, fir "Speck an Ierbessen" gesuergt. Zesumme mat der Elterevereenegung "EIS" goufen d'Tablette FairTrade-Schockela un d'Kanner an der Schoul verdeelt an hier Aen hu wéi hier Liichtebengelcher gestraalt. Vun de Kanner geet dann och e ganz grousse Merci un d'Gemeng fir dee léiwe Geste.
Schouldoheem.lu on-AIR - 05.01.2021-08.01.2021
04/01/2021An dieser Stelle finden Sie eine Übersicht über die unterschiedlichen Online-Kurse, die SCRIPT den Schülerinnen und Schülern der Grundschule, sowie den Lehrpersonen und Eltern anbietet. Die Kurse werden vom 5. bis zum 8. Januar gesendet 2021.
Vidéo Zeréck an d'Schoul
21/05/2020Dëst ass ee Youtube Video. Klickt hei, fir Cookien vu Google z'akzeptéieren.