
News
Aktuell News |

Ofschlossfeier vum Schouljoer 2016-2017
21/08/2017Dee leschte Schouldag virun der grousser Vakanz heescht et fir d’Schüler aus dem Cycle 4.2 « ÄDDI »ze soen. Äddi Schoul, äddi Schoulmeeschteren a Jofferen an äddi léif Frënn a Klassekomeroden.
Schoulausflug vum Cycle 1
13/07/2017Den 3. Juli waren déi dräi Spillschoulsklassen fir hiere Schoulausflug zesummen an de
prähistoresche Musée "GONDWANA" zu Schiffweiler.
prähistoresche Musée "GONDWANA" zu Schiffweiler.

Tendances Jardins 2017
05/05/2017Dëst Joer haten d'Kanner aus der ganzer Schoul Still, Hockeren a Bänken dekoréiert a während der Gaardenausstellung "Tendances Jardins" vum 21. bis den 23. Abrëll ausgestallt fir ze verkafen. Am ganze konnten 48 Still/Bänken/Hockeren präsentéiert ginn.
Scheckiwwerreechung un d'ALAN
25/04/2017Den 31. Mäerz gouf während dem Liesowend den Erléis vum Chrëschtmaart un d'Associatioun ALAN iwwerreecht.
D'Kanner, d'Léierpersonal an d'Personal vun der Maison Relais hate mam Verkaf vu Bastelaarbéchten, Kaffi a Kuch,... déi houfreg Zomm vun 3500 € zesumme kritt.
Villmools Merci un all Elteren a Grousselteren fir hier léif Ënnerstëtzung!