Zum Haaptinhalt sprangen

News

Aktuell News |




D'Kënschtlerin NADIA SCHREINER mécht ee Projet mam Cycle 1

17/05/2018

Dëse Méindeg koum déi lëtzebuerger Kënschtlerin Nadia Schreiner an den C1 fir mat de Kanner ee Konschtwierk ze maaachen. Voller Freed hunn d'Kanner Stären a Blummen op d'Leinwand gedréckt an dobäi ass ee flott Gemeinschaftsbild enstanen.
Nomëttes goufen d'Klassen am Schlass emfaangen, wou d'Kënschtlerin hier Biller ausgestallt hat an de Kanner erklärt huet, wéi si schafft.




Liesnuecht 2018

03/01/2018

Eis LIESNUECHT war dëst Joer de 26. Januar 2018.




Wiel vun den Elterevertrieder

14/11/2017

De 25. Oktober goufe 4 Elterevertrieder gewielt.
Et sinn dëst den Här Laurent Lacour, d'Madame Sonia Müller-Laures, d'Madame Eliane Schaeffer an d'Madame Sandra Terres. Mir soen hinne villmools Merci fir hiert Interessi an hieren Asaz a freeën eis weiderhin op eng gutt Zesummenaarbecht.




Ausflug vum cycle 4

03/10/2017

Ausflug 3.-5.7.2017: 2 Nuechten zelten um Camping Kautebach

Méindes 3.7
8.30 Zug Ettelbréck-Giëwelsmillen
Trëppeltour vun der Giëwelsmillen op Kautebach
Picknick
Mëttes: Visite vun der Kläranlag Kautebach



Eischt Viregt Nächst Lescht