Dëst Joer haten d'Kanner aus der ganzer Schoul Still, Hockeren a Bänken dekoréiert a während der Gaardenausstellung "Tendances Jardins" vum 21. bis den 23. Abrëll ausgestallt fir ze verkafen. Am ganze konnten 48 Still/Bänken/Hockeren präsentéiert ginn.
Den 31. Mäerz gouf während dem Liesowend den Erléis vum Chrëschtmaart un d'Associatioun ALAN iwwerreecht. D'Kanner, d'Léierpersonal an d'Personal vun der Maison Relais hate mam Verkaf vu Bastelaarbéchten, Kaffi a Kuch,... déi houfreg Zomm vun 3500 € zesumme kritt. Villmools Merci un all Elteren a Grousselteren fir hier léif Ënnerstëtzung!